Virun méi wéi 4 Joer hunn ech mer eng Spigelreflex kaaft, eng Nikon D40, nodeems ech duerch photogen.lu Loscht op fotographéieren kritt hat. Mëttlerweil ass d'Loscht net méi permanent present mä ech probéieren trotzdem sou oft wéi méiglech Fotoen ze maachen.
Matt der Zäit hunn ech mer och ëmmer weidert Material ugeschaaft:
AF-S Nikkor 18-55mm 3.5-5.6
AF-S Nikkor 55-200mm 4-5.6
Nikkor 50mm 1.8 (mat deem hei sinn ech am frousten)
B+W Macro-Nahlinse +10
e Grofilter an e Stativ, wat ech aus Bequemlechkeet awer vill ze sielen benotzen.
Op
Photogen.lu fënnt een nach méi Fotoen vu mir.